Steieren, Mindestloun a Co.: Dës Ännerunge ginn et am Joer 2024 (2024)

Den éischte Januar steet heiheem fir munch Ännerungen am Alldag.

Wat ännert am neie Joer? (1) / Reportage Jean-Marc Sturm

Ugefaange mam Portmonni - Do hu mer schonn emol d'TVA, déi no engem Joer nees op den Niveau vu virdru klëmmt ... also op 17% bei der TVA, 14% beim Taux moyen an 8% beim Taux réduit.

Den 1.1.24 steet dann och fir d'Upasse vun der Steiertabell ëm 4 Indextranchen.

Bei engem Brutto-Revenu vu 50.000 Euro d'Joer bezilt een an Zukunft an der Klass 1 876 Euro d'Joer manner. Am 1 A sinn et knapp 1.200 Euro d'Joer manner. Bei enger kollektiver Besteierung an der Klass 2 sinn et 286 Euro.

Huele mer ee Bruttorevenu vun 100.000 Euro d'Joer. Do sinn et an der Klass 1 ronn Minus 1.100 Euro d'Joer oder 4,6%, am 1A 1.160 Euro manner oder 5% a kollektiv an der Klass 2 bal 1.600 Euro d'Joer ass gläich Minus 13,5%.

Dat geet da progressiv erop bis 125.000 Euro d'Joer Brutto-Revenu. Vun deem Niveau un ass ee quasi um Maximum vu manner Steieren ukomm, mat knapp 1.200 Euro d'Joer manner am 1, ronn 1.260 Euro d'Joer am 1A a kollektiv am 2 bal 2.200 Euro d'Joer.

Och soss deet sech eppes bei eis am Portmonni

Mam neie Joer klammen d'Renten ëm 1,1%.

De Mindestloun gëtt an engem Joer un d'Gehälterentwécklung ugepasst.

Tëscht Juli a September, esou de Pronostic vum STATEC, gëtt eng weider Indextranche fälleg.

Bei den Zënsen ass eventuell e bëssen Entlaaschtung dran. Well d'Inflatioun nees Richtung 2% geet, wäert d'europäesch Zentralbank de Leetzëns ëm bis zu 1 Prozentpunkt erofsetzen, heescht et.

Apropos Gehälter. Déi gi beim Staat linear ëm 1,95% an d'Luucht, parallel fält no engem Joer d'Hausse vu 5% op den éischten 100 Gehälterpunkten ewech.

De Gros vun den Ëmweltprimme si bis Enn Juni verlängert ginn.

D'CO2-Steier gëtt wéi geplangt op den 1. Januar 2024 no uewen ugepasst. Als sozial Kompensatioun geet de Steierkredit liicht an d'Luucht.

Soss nach Ännerungen

Vum 1. Juli 2024 u ginn déi sougenannt "Tethered Caps" op Fläschen, déi ganz oder deelweis aus Plastik bestinn, Flicht. Muncheree kennt se méiglecherweis scho vu bekannte Gedrénksmarken, wéi Coca-Cola oder Fanta: Den Deckel ass do fest mat der Fläsch verbonnen. Duerch déi Reegelung sollen an Zukunft manner Plastikdeckelen an der Natur landen.

Mëtt vum Joer, de 7. Juli 2024, trëtt eng nei Reegelung a Kraaft, déi all neien Auto, deen zougelooss gëtt, betrëfft: Enger neier EU-Direktiv no ass dann d'Blackbox am Auto Flicht. Dës enregistréiert Daten, fir am Fall wou Accidenter besser rekonstruéieren ze loossen. Schonn elo si vill Autoe mat dëser ekipéiert.

Den 28. Dezember 2024 trëtt dann nach eng aner EU-Direktiv a Kraaft. Nei Handyen, Tabletten, Digitalkameraen, Kopfhörer oder Drucker - divers Elektroapparater musse vun deem Dag u mat engem eenheetlechen USB-C-Uschloss kënne geluede ginn.

Séier handele beim Logement

Am Koalitiounsaccord 2023 goufen eng ganz Partie Mesuren annoncéiert, fir kuerzfristeg de Marché vum Logement ze stimuléieren.

Heizou gehéieren den Taux d'amortissem*nt accéléré vu Wunnengen, déi verlount ginn, eng Steierentlaaschtung op Plus-valuen oder eng Adaptatioun vum "Bëllegen Akt".

Ännerunge bei de Chèques-repas

Vum 1. Januar u klëmmt de Wäert vun de Checken op 15 Euro. Aktuell läit en nach bei 10,80 Euro. Den Deel, deen de Salarié heivir bezilt, soll dogéint net klammen, wäert also bei 2,80 Euro bleiwen.

Nei wäert dann och sinn, dass d'Chèques-repas net méi just benotzt dierfe ginn, fir Iessen ze bezuelen, ma kënnen och am Commerce agesat ginn, fir Liewensmëttel ze kafen, dat och no der Aarbecht, wärend dem Weekend a souguer am Congé an net méi just wärend den Iesszäiten. Bis zu fënnef den Dag kënnen der benotzt ginn.

Weider wäert de Scheck dann och digitaliséiert ginn, dat a Form vun enger Kreditkaart oder eben direkt um Smartphone.

Gläichheet beim Teletravail fir all d'Frontalieren

Virun allem déi däitsch Frontalieren dierften heivunner profitéieren, dat well se vum 1. Januar un um selwechten Niveau beim Homeoffice wäerte leien, wéi d'Kolleegen aus der Belsch oder Frankräich.

Hei wäert no engem Accord tëscht Lëtzebuerg an Däitschland den Taux vun Deeg, déi een dierf am Homeoffice sinn ouni musse Steieren am Ausland ze bezuelen, vun 19 op 34 klammen.

Am Joer dierf dëst awer net iwwer 49% vun der Schaffzäit goen, fir weider bei der Sécurité Sociale zu Lëtzebuerg affiliéiert ze bleiwen.

Verlängerung vun der Streck vum Tram bis bei den nationale Stadion

Virun allem wäert de Süd-Deel vun der Linn am Joer 2024 fäerdeg gestallt ginn. Heizou gehéieren déi lescht 5 Statioune virum Stade de Luxembourg, dem Traçon Bouneweg-Cloche d'Or.

Also d'Statioune "Scillas", "Houwald Gare", Lycée Vauban, Waassertuerm an de Stadion (Pôle d'échange).

D'Primm fir Elektroautoe bleift bestoen

Dëst awer just nach fir Autoen, déi zu 100% elektresch lafen, Hybrid-Autoe falen hei also vum 1. Januar 2024 un net méi drënner. D'Primm fir Elektroautoe wäert bei 8.000 Euro bleiwen.

Och aner Technologien op Basis vun Null-Emissioun wäerte weider subventionéiert ginn, dat elo mol bis Enn Juni 2024.

Wichteg Datumer

Walen 2024

Dëst Joer sinn dann direkt zwee Mol Walen: Sozialwalen (12. Mäerz) an Europawalen (9. Juni).

Op politeschem Plang soll de Finanzminister mat konkrete Virstellungen a Saache global Steierreform kommen. Parallel kann een op de Rentendësch wéi och op de Logementsdësch gespaant sinn.

ESC


Ah jo ... do ass dach nach eppes: No 30 Joer ass Lëtzebuerg nees beim European Song Contest dobäi. De 27. Januar decidéiert sech, wie fir Lëtzebuerg wäert untrieden an da fält vum 7. bis den 11. Mee zu Malmö a Schweden d'Decisioun.

Congé 2024


Wie Bréckendeeg a Feierdeeg clever notzt a Weekender dobäi zielt, dee ka seng Vakanzenzäit däitlech an d'Luucht schrauwen. Wéi Dir déi meescht Deeg eraushuelt, gitt der hei am Artikel gewuer.

Steieren, Mindestloun a Co.: Dës Ännerunge ginn et am Joer 2024 (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Duane Harber

Last Updated:

Views: 6484

Rating: 4 / 5 (51 voted)

Reviews: 90% of readers found this page helpful

Author information

Name: Duane Harber

Birthday: 1999-10-17

Address: Apt. 404 9899 Magnolia Roads, Port Royceville, ID 78186

Phone: +186911129794335

Job: Human Hospitality Planner

Hobby: Listening to music, Orienteering, Knapping, Dance, Mountain biking, Fishing, Pottery

Introduction: My name is Duane Harber, I am a modern, clever, handsome, fair, agreeable, inexpensive, beautiful person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.